Fannt deen richtegen Präis vun ärem Immobiienobjet eraus

Eisen eenzegaartegen Programm gëtt iech an e puer Minutten an mat Präzisioun den Präis vun ärem Haus, Appartement, Terrain, Büro, Geschäft, Parking...etc.
Mat eiser Hëllef  fannt dir nach haut deen richtegen Präis an dëst ouni Engagement an komplett vertraulech. Wann dir an kuerzer Zäit wëssen wëllt fir wei vill dass der ären Bien verkafen oder verlounen kennt dann sidd der hei op där richteger Platz!

Mäin Immobilienobjet estiméieren

Firwat eisen Simulator benotzen? Hei sinn déi wichtegst Grënn :

 Schnellegkeet

Et war nach ni méi einfach an virun allem nach ni méi schnell fir eng reell Estimatioun vun ärem Bien ze kréien. Um Enn vun eisem Questionnaire (deen 100% online ass) kritt dir direkt en Resultat. Firwat also nach laang waarden an net direkt mat ärer Evaluatioun ufänken?

Präzisioun

Mir hunn en eenzegaartegen Algorithmus developpéiert fir op en reellt Resultat ze kommen. Dësen baséiert op Verkeef déi schonn realiséiert goufen, op eiser Erfarung an dësem Secteur an natierlech op den Eegenschaften vun ärem Bien. Dëst alles zesummen kombinéiert mat dem aktuellen Präis pro m2 mécht eisen System eenzegaarteg zou Lëtzebuerg.

Locatioun

Zousätzlech zum Resultat fir wei vill dass der verkafen kennt, ginn mer iech och den Montant vum Loyer (deen der kéint am Fall vun enger Locatioun froen) gratis dobäi. Esou ass et un iech ze decidéieren op der verkafen oder verlounen wëllt.

Einfachheet

Eisen Estimatiounsprogramm ass komplett dofir gemaach ginn fir alles direkt online ze rechnen. En ass einfach ze benotzen, schnell an confidentiel. Loosst iech begleeden, klickt déi richteg Donnéeë un an dir kritt an just e puer Minutten är perséinlech Estimatioun.

Gratis

Mir proposéieren eng komplett gratis Estimatioun. Eis aner zwou Formullen déi mer hunn (Standard&Premium) sinn net fir näischt mee dir kritt awer d'Suen komplett rembourséiert wann der iwwert eis Plattforme verkaaft.

Expertise

Opgepasst! Dat heiten ass keen normalen Simulator: Et ass d'Resultat an d'Erfarung vun enger ganzer Equipe vun Professionellen aus der Branche. Sollt der net zefridden sinn, kennt dir och duerno esouguer en Termin mat eis vereenbaren (direkt online) fir är Estimatioun zousätzlech verfeineren ze loossen.

Et schwätzt een vun eis ob...

Et ass immens wichteg en richtegen Wäert ze definéieren fir schnell kënnen ären Immobiliëprojet ze verkafen.

Eis Equippe (déi schonn zënter Joren um Immobiliëmaart aktiv ass) beméit sech Iech an akkuraten an objektiven Wäert fir äert Haus, Appartement...etc ze ginn.

Éier der wëllt verkafen oder verlounen ass et immens wichteg dass der wësst wat der kennt froen. Et ass immens wichteg dass dësen Wäert deen der kritt no un der Realitéit leit fir kennen en potentiellen Keefer/Locataire ze fannen an net iwwert den Dësch gezunn ze ginn.

An enger Regioun oder Géigend wou eng grouss Konkurrenz besteet, wei z.b. an der Stad Lëtzebuerg selwer, ass et immens bedeitend zum richtegen Präis ze annoncéieren. Dermadder vermeit een dass d'Haus oder d'Appartement etc ze laang an der Vente bleift an net verkaf gëtt, d.h. et "verbrennt" esou ze soen um Marché. Am Kloertext heescht dat dass et immens wichteg eng gutt an reell Estimatioun ze hunn éier een mat verkafen oder verlounen ufänken soll.

Zousätzlech zou dëser Online-Bewäertung huet dir d'Méiglechkeet d'Resultat an engem Fichier erofzelueden (deen am PDF Format ass) deen Iech erlaabt ärem potentiellen Keefer oder Locataire ze weisen dass ären Präis korrekt ass. Ob där anerer Säit kennt der esou kucken wou der ären Verkafspräis/Loyer festleet fir duerno nach villäicht e bëssen mam Client ze verhandelen. Dir weist jo ewéi et ass: All Mënsch probéiert ëmmer ze verhandelen fir deen beschten Präis...

 

Och disponibel fir ären Iphone an Ipad