Entdeckt de richtege Präis vun Ärer Immobilie!

Eist Online-Immobiliëbewäertungsprogramm erméiglecht Iech et an e puer Minutten a genee de Präis vun Ärem Appartement, Ärem Haus oder jiddwer aner Immobilie gewuer ze ginn.
Dank eisem detailléierte Questionnaire kënnt Dir ganz einfach, ouni Verflichtung a ganz vertraulech de genaue Präis vun Ärer Immobilie schätzen.

Ech bewäerte mäin Objet

Firwat eis d'Bewäertung vun Ärem Bien uvertrauen?

Schnellegkeet

Eng detailléiert Bewäertung vun Ärer Immobilie ze kréien, war nach ni esou séier! Wann dëse Questionnaire ofgeschloss ass, kritt Dir direkt Äre personaliséierte Bewäertungsdossier. Firwat méi laang waarden, fir de Präis vun Ärem Bien gewuer ze ginn?

Genauegkeet

Baséierend op eisem Verkafsverlaf, eiser déifgräifender Kenntnis vum Maart an enger suergfälteger Studie vun de Qualitéite vun Ärem Bien erméiglecht eisen eenzegaartege Bewäertungsalgorithmus eis et, eng genee Bewäertung vun Ärem Objet bereetzestellen.

Verlounen

Zousätzlech zum Verkafspräis, gëtt de potentielle méintleche Loyer vum Objet mat jiddwer Bewäertung ouni Zousazkäschte bereetgestallt. Dëse Betrag erméiglecht Iech et, tëschent der Verlounung oder dem Verkaf ze wielen, an Dir hutt dobäi all Kaarten an der Hand.

Benotzerfrëndlechkeet

Eisen vollstännegen Bewäertungsprogramm gouf entwéckelt, fir 100 % online benotzt ze ginn a benotzerfrëndlech ze sinn. Loosst Iech féieren, fëllt eise Questionnaire aus an Dir kritt an nëmmen e puer Minutten Är personaliséiert Immobiliëbewäertung!

Gratis

Mir bidden eng ganz gratis "Einfach" Bewäertung un. Eis "Standard"- a "Premium"-Bewäertunge si käschteflichteg, awer se ginn och vollstänneg zeréckbezuelt, wann Dir Är Immobilie iwwer eis Plattform verkaaft.

Expertis

Dëse Site ass kee gewéinleche Simulator: Et ass d'Resultat vun Aarbecht an Erfarung vun engem ganzen Team vun Immobiliëprofien. Dir kënnt eis Agenten och treffen, fir d'Bewäertung vun Ärer Immobilie nach méi ze verfeineren.

Doriwwer schwätze se op …

En adequate Verkafspräis festzeleeën, ass wichteg fir Är Immobilie séier ze verkafen. 

Eis Equipe aus Immobiliëprofie setzt sech an, fir Iech en zouverlässegen an objektiven Avis iwwer de Präis vun Ärer Immobilie bereetzestellen. 

Viru jiddwer Verkaf oder Verlounung vun Ärer Immobilie (sief et en Haus, en Appartament, eng Garage, e Büro oder eppes anescht), ass et onverzichtbar eng seriéis Bewäertung vun der Immobilie duerchzeféieren. E koherente Präis ze bestëmme kann Iech et tatsächlech erméiglechen, Är Chancen z'optiméieren, fir mat potentielle Keefer zesummenzekommen.
An enger Regioun mat staarker Konkurrenz, wéi et zum Beispill zu Lëtzebuerg de Fall ass, erméiglecht e richtegen duerchschnëttleche Präis Iech et, de Verkaf oder d'Verlounung ze beschleunegen. Verléiert net aus den Aen, datt eng Immobilie mat engem falsche Präis Méint laang zum Verkaf stoe kann, wat ni e gutt Signal fir méiglech Keefer ass! Am Géigendeel, Äeren Bien bewäerten ze loossen, multiplizéiert d'Chancen e Keefer ze fannen, andeem en un d'Qualitéite vun Ärer Immobilie ugemoossene Präis virgeschloe gëtt.

Dës Weidere kritt Dir während der Onlinebewäertung e personaliséierte professionellen Dossier mam Präis vun Ärer Immobilie. Dir kënnt esou ganz einfach jiddwer potentiellem Keefer beweisen, datt de verlaangte Präis dat objektiivt Resultat vun enger professioneller Immobiliëbewäertung ass an esou onnéideg Verhandlunge vermeiden.

 

Och op Ärem iPhone an iPad verfügbar