Froen?

Firwat brauch ech eng Immobiliëbewäertung?


Viru jiddwer Verkaf oder Verlounung vun Ärer Immobilie erméiglecht d'Duerchféierung vun enger seriéiser Immobiliëbewäertung an d'Bestëmmung vun engem koherente Präis Iech et, Är Chancë mat potentielle Keefer zesummenzekommen.

E richtegen duerchschnëttleche Präis unzeweisen, erméiglecht Iech de Verkaf oder d'Verlounung ze beschleunegen. Eng mat engem falsche Präis ugewisen Immobilie bleift Méint laang am Verkaf bleiwen an esou bei méigleche Keefer e schlechten Androck hannerloossen.

Dës Weidere kritt Dir während der Onlinebewäertung e personaliséierte professionellen Dossier mam Präis vun äerem Bien. Dat erméiglecht Iech et, jiddwer interesséierter Persoun ze beweisen, datt de verlaangte Präis dat objektiivt Resultat vun enger professioneller Immobiliëbewäertung ass an esou onnéideg Verhandlunge vermeiden.

Wéi leeft eng Bewäertung mat onsem Programm of?


Eisen Bewäertungsprogramm gouf entwéckelt, fir 100 % online benotzt ze ginn a benotzerfrëndlech ze sinn. Dir musst einfach jiddwer Fro beäntweren, déi gefuerdert Informatiounen aginn an Dir kritt an e puer Minutten Är Immobiliëbewäertung!

Wann Dir mam Questionnaire fäerdeg sidd, geet et mat der Bezuelung vum Betrag virun, deen dem Bewäertungstyp (Standard oder Premium) entsprécht, an Dir kritt dann direkt Äre personaliséierte Bewäertungsdossier.

Beuecht w. e. g., datt wann Dir net online bezuele wëllt, Dir och bei eis an der Agence laanscht komme kënnt, fir Är Bewäertung ze bezuelen an Ären Dossier ze kréien.

Wéi vill kascht eng Immobiliëbewäertung?


Mir bidde verschidden Optioune fir eis Immobiliëbewäertungen.

Eis "Einfach"-Bewäertung, baséierend um Duerchschnëttspräis jee Quadratmeter fir Immobilien an der entspriechender Gemeng ass gratis.

Eis "Standard"-Bewäertung, detailléiert a personaliséiert, gëtt vollstänneg online iwwer eis dedizéiert Plattform duerchgeféiert a kascht 25 €.

Eng "Premium"-Bewäertung gëtt an zwee Schrëtt duerchgeféiert: Fir d'éischt fëllt Dir den Onlinequestionnaire aus, da maacht Dir en Termin mat engem vun eisen Agentë fir eng perséinlech Visite aus, fir d'Bewäertung nach weider ze verfeineren. Dës Bewäertung kascht 100 €.

Mir wëllen nach dorop hiweisen, datt Dir onofhängeg vun der ausgewielter Bewäertung de bezuelte Betrag zeréckbezuelt kritt, wann Dir Iech entscheet, eng Verkafsvollmacht fir Äer Immobilie mat eiser Partneragence z'ënnerschreiwen."

Wéi eng Kritäre fléissen an d'Bewäertung an?


Déi verschidde Froe vun eisem Simulator erméiglechen eis et, d'Qualitéiten a Mängel vun Ärer Immobilie objektiv ze bewäerten, fir hire Wäert ze bestëmmen.

Mat iwwer zéng Joer Erfarung mat Immobilien am Groussherzogtum verfüge mir iwwer vill Vergläichstudië vum Maart an Ärer Stat oder Ärem Véierel, baséierend op de leschte Gidder, déi virum Kuerzem verkaaft oder verlount goufen. D'Geschäfter, Schoulen, Transportmëttel, Fräizäitberäicher, Parkméiglechkeeten nobäi sinn alles allgemeng Kritären, déi den Immobiliëpräis an enger bestëmmter Regioun beaflossen.

Zu dëse globalen Date kommen nach méi spezifesch Kritären derbäi: déijéineg, déi fir Är Ënnerkonft eege sinn ewéi d'Fläch, den allgemengen Zoustand, d'Ausstattung an hir Qualitéit, d'Verdeelung vun de Raim, d'Unuerdnung vun de Stäck, d'Siicht, duerchgeféiert Aarbechten … All dës Informatiounen erméiglechen eis et, de Präis jee Quadratmeter vun Ärer Immobilie méi genee unzepassen.

Wéi kann ech meng Bewäertung bezuelen?


Et gëtt direkt online mat Kreditkaart bezuelt. D'Bezuelunge gi vun enger gesécherter Plattform verwalt. Mir hunn zu kengem Zäitpunkt Abléck an Är Bankinformatiounen a se ginn och ni bei eis gespäichert.

Beuecht w. e. g., datt wann Dir net online bezuele wëllt, Dir och d'Méiglechkeet hutt, mat Iwwerweisung ze bezuelen. Dir braucht dann déi folgend Informatiounen:
Numm: iSOLUTIONS S.à r.l.
IBAN: LU79 0026 1806 0176 6200
BIC: BILLLULL
Vergiesst net och d'Referenz vun Ärer Bewäertung unzeginn, déi Iech matgedeelt gëtt.