Sinn nach Froen do?

Firwat brauch ech eng Evaluatioun vun mengem Haus/Appartement..etc?


Éier der mat dem Verkaf oder dem Verlounen vun ärem Haus oder Appartement ufänkt ass et ëmmer wichteg an gutt ze wëssen wat een kann dofir kréien. Esou kennt dir zum richtegen Präis annoncéieren an vermeiden dass den Geck mat iech gemaach gëtt.

Mat deem richtegen Präis ze annoncéieren (deen an der Moyenne leit) ass et méi einfach an virun allem geet et méi schnell fir en Client ze fannen. Wann dir mat engem falschen Präis annoncéiert kann et Méint laang daueren bis emol een sech mellt. D'Resultat dovunner ass dass d'Leit mengen et géing eppes net stemmen well äert Haus oder Appartement esou laang annoncéiert ass an nach net verkaaft ginn ass.

Wei funktionéiert eng Evaluatioun op deem heiten Site?


Mir hunn eisen Evaluatiounstool esou entwéckelt dass en 100% online gemaach gëtt, einfach ze bedéngen ass an dir direkt duerno d'Resultat kritt. Dir musst net telefonéieren oder en RDV ausmaachen fir dat éischt Resultat ze kréien.

Dir gitt duerch en Questionnaire gefouert wou der musst e puer Froen an Detailer richteg (hei ass et ganz wichteg dass et muss richteg sinn wat der agitt well soss ass d'Resultat duerno falsch) agitt an duerno kritt dir bannent e puer Sekonnen direkt äert Resultat.

Wann dir net online bezuelen wëllt kennt dir och gären bei eis an den Büro laanscht kommen.

Wat ass den Präis vun enger Online Evaluatioun?


Mir bidden Iech verschiddenen Optiounen fir eng Evaluatioun un.

Op éischter Platz fannt dir es Standard Evaluatioun, detailléiert en personaliséiert, alles komplett online iwwert eisen Site mat deenen leschten m2 Präisser vum Immobiliëmaart. Des Formule kascht 25.-€ TTC.

Op zweeter Platz fannt dir es Premium Evaluatioun. Hei fëllt dir den Questionnaire aus an fixéiert duerno online en RDV mat engem vun eisen Agenten deen dann bei Iech heem kennt an sech d'Saach nach eng Kéier genau ukucken kennt fir eng 100% richteg Bewäertung ze hunn. An dësem Fall gëtt den Montant ajustéiert deen bei der Online Estimatioun erauskomm ass. Dëst ass praktesch déi eenzeg Méiglechkeet och fir wann een en Haus oder Appartement oder Terrain huet déi net mat normalen Objet'n ze vergläichen sinn. Dat kann schonn domadder ugoen wann een en ganz groussen Terrain beim Haus huet wei z.b. en alen Bauerenhaff. Hei kritt dir och vun eisem Agent wann en op der Platz war en gebonnenen Dossier mat all den Informatiounen. Fir des Formule verrechnen mir 100.-€ TTC.

Wichteg ze wëssen : Egal wei eng Optioun dass der wielt, den Montant deen der hei bezuelt kritt der komplett zréck am Fall wou der sollt mat eiser Parteneragence verkafen.

Ob wei eng Critèren ginn an dëser Evaluatioun opgepasst?


Verschidden Froen vun eisem Simulator sinn dofir geduecht fir déi gutt an manner gutt Punkten vun ärem Immobilienobjet ze definéieren an duerno kennen en approximatiivt Resultat ze ginn. Dofir mussen des Froen ganz präzis beäntwert ginn. D'Resultat ass ofhängeg vun den Äntwerten déi dir uklickt. Eis Erfarung vun méi ewéi 10 Joer um Immobiliëmaart zou Lëtzebuerg ass komplett an dësen Online Tool integréiert ginn. Mir hunn verschidden Etüden gemaach wou z.B. am meeschten verkaf gëtt an zou wei engen Präisser, wat den Präisënnerscheed ass ob der am Norden oder am Süden sidd, op eng Bushaltestell, eng Schoul, eng Crèche... sech an ärer Géigend befannen. All des Donnéeë sinn wichteg fir eis Rechnung. Dobäi kennt an wei engem Zoustand dass sech ären Immobilienobjet befënnt, ass en al, ass en nei, ass en renovéiert ginn? Wann jo, wéini an wat ass gemaach ginn? Muss eng nei Heizung installéiert ginn? Wei ass et mam Zoustand vum Daach?

Mat Hëllef vun all dësen Informatiounen kennen mir en richtegen m2 definéieren fir duerno op en reellt Resultat ze kommen.

Wei kann ech meng Evaluatioun bezuelen?


Dir hutt d'Méiglechkeet mat ärer Kreditkaart direkt online ze bezuelen. Alles gëtt alles iwwert eng securiséiert Plattform geleet. Zou kengem Zäitpunkt ginn är Bankdaten vun eis gespäichert.

Wann der net online bezuelen wëllt kennt der gären an eis Agence bezuelen kommen an är Estimatioun do direkt mathuelen.

Dir kennt awer och en Virement op eisen Konto (BIL : LU79 0026 1806 0176 6200) maachen. Denkt weg just dorunner fir d'Referenznummer vun ärer Estimatioun unzeginn.